Rugby Union
Sportaart aus der Rugby-Famill / From Wikipedia, the free encyclopedia
Rugby Union (dacks einfach nëmme Rugby oder op Franséisch Rugby à 15 oder Rugby XV) ass eng vun zwou Versioune vu Rugby. Et ass dat am meescht verbreet Rugbyspill iwwerhaapt. An dësem Kämpf- a Ballspill versichen zwou Mannschaften zu jeeweils 15 Spiller, e Rugbyball, laanscht oder duerch d'Géignerverdeedegung ze droen an op déi Aart a Weis Punkten ze markéieren.
Séier Fakten Typ, Olympesch Sportaart ...
Rugby Union | |
---|---|
Rugby zu 15, Rugby XV | |
Typ | Rugby |
Olympesch Sportaart | nee |
Federatioun | |
International | International Rugby Board |
Lëtzebuerg | Fédération luxembourgeoise de rugby |
Ursprong | |
Ursprongsland | Vereenegt Kinnekräich |
Erfonnt | 1823 |
Aner Informatiounen | |
Gebraucht gëtt | Rugbyball, Rugby-Union-Terrain |
Aktuelle Weltmeeschter ♂ | Südafrika (2023) |
Aktuelle Weltmeeschter ♀ | Neiséiland (2022) |
Zoumaachen
Den éischte Verband, Rugby Football Union (RFU), ass 1871 an England gegrënnt ginn. Den internationale Verband, deen d'Reegele vum Sport festleet an eng ganz Rei Kompetitiounen organiséiert ass den International Rugby Board (IRB), deen 1886 gegrënnt gouf.