Saint-Émilion (Wäin)
From Wikipedia, the free encyclopedia
De roude Wäi vu Saint-Emilion huet eng eegen Appelatioun déi och e puer Nopeschgemengen aschléisst. Zesumme mat dem Pomerol bilt Saint-Emilion d'Kärgebitt vum sougenannten rietsen Ufer (Gironde resp. Dordogne), no der Stad Libourne och Libournais genannt. D'Médoc-Hallefinsel an d'Regioun Graves gëtt als lénkst Ufer bezeechent.
Nieft deenen zwou genannten Appelatioune gehéieren och déi sougenannt Satellitten-Appelatioune Lalande-de-Pomerol, Montagne-Saint-Emilion, Puisseguin-Saint-Emilion, Lussac-Saint-Emilion, Saint-Georges-Saint-Emilion, Fronsac a Canon-Fronsac zum Libournais.
Wéi um rietsen Ufer üblech, dominéieren och an de Cuvéeë vu Saint-Emilion d'Riefzort Merlot. Eenzeg a puer Châteauen um Plateau ob der Grenz zu Pomerol, z. B. Château Figeac a Château Cheval Blanc, huelen zum gréissten Deel Cabernet-Sauvignon resp. Cabernet Franc.