Schof
From Wikipedia, the free encyclopedia
Schof (Gattung Ovis) si Mamendéieren déi idderzen an zu der Ënnerfamill vun de Geessendéieren (Antilopinae) gehéieren. D'Gattung Schof besteet aus ronn zwanzeg Aarten, zu deenen och déi wëll Schofaarten zielen, aus deenen d'Hausschof ervirgaangen ass, wéi z. B. d'Déckharschof (Ovis canadensis) an deen zu Lëtzebuerg méi bekannte Mouflon oder Muffelschof (Ovis aries musimon).
Méi Informatiounen Systematik, Wëssenschaftlechen Numm ...
Schof | |||||||||||||
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
Hausschof | |||||||||||||
Systematik | |||||||||||||
| |||||||||||||
Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||||||
Ovis „L.“ 1758 |
Zoumaachen
Vun der Schofszuucht hier gi follgend Ausdréck gebraucht:
- Schof: dat weiblecht Déier;
- Widder, Schofsbock: dat männlecht Déier;
- Lamm: dat jonkt Schof (bis 1 Joer al);
- Lämmes: e jonkt männlecht Schof bis et geschlechtsräif ass;
- Hammel: e "geluechten" oder geschniddene Widder.