De Schwarzwald ass eng Landschaft vu mëttelhéije Bierger an déi gréisst vun zesummenhängende mëttelhéije Bierger an Däitschland, a läit am Weste vu Baden-Württemberg.
De Schwarzwald ass dominéiert vu Bëscher an erstreckt sech vum Dräilännereck (Schwäiz–Frankräich–Däitschland), laanscht de sougenannten Oberrheinesche Gruef (däitsch: Oberrheinische Tiefebene), 160km no Norden. Am Süden ass de Schwarzwald 60km breet, am Norden awer nëmmen 30km.
Eng gouss Importenz huet am Schwarzwald weiderhin d'Forst- an d'Holzwirtschaft an alles wat domat zesummenhänkt. Och d'Glaasbléiserei an d'Auerenindustrie haten an der Zäit am Schwarzwald eng grouss Bedeitung.
Seng schéi Landschaften zéien awer virun allem den Tourist un.
Séielandschaften
Glaswaldsee,
Mummelsee,
Kirnbergsee,
Feldsee an
Titisee.
Donieft gëtt et och eng Rei vu Stauséien, wéi de Schluchsee, d'Schwarzenbachtalspär, d'''Wehratalspär, de Witznaustauséi, d'Talspär Kleine Kinzig oder d'Nagoldtalspär déi fir d'Stroumproduktioun benotzt ginn.
Bierger an Touren
Aussiichtsbierger sinn ausser dem Feldberg virun allem de Belchen, de Kandel an de Schauinsland, an och am Nordschwarzwald d'Hornisgrinde, de Schliffkopf den Hohloh an d'Teufelsmühle. Do gëtt et iwwerall och schéi Spazéierweeër.
Schlässer a Kléischter
Benediktinerklouschter St. Blasien
Klouschter Sankt Trudpert
Klouschter St. Peter
Klouschter St. Märgen
Klouschter Alpirsbach
Klouschterruin zu Calw-Hirsau
Wantersportplazen
De Schwarzwald bitt vill Méiglechkeete fir Wantersport ze bedreiwen. Bekannt si Schiplaze wéi de Feldberg, Kniebis, Ruhestein a Schliffkopf.
Muséeën
De Fräiliichtmusée Um Vogtsbauerenhaff zu Gutach mat senge reconstruéierte Bauerenhäiser vu fréier gëtt e gudden Abléck an d'Liewe vun de Schwarzwaldbaueren am 16. a 17. Joerhonnert.
Den Däitschen Aueremusée zu Furtwange gëtt en Iwwerbléck iwwer d'Geschicht vun der Auerenindustrie.
De Schüttesäge-Musée zu Schiltach vermëttelt Informatioun iwwer d'Holzwirtschaft, an d'Fléisserei am Kinzigtal an och iwwer déi fréier Aktivitéite vun de Gierwer.
De Schwarzwälder Trachtemusée zu Haslach am Kinzigtal stellt Truechten aus dem ganze Schwarzwald aus.
Horst Friedrich Vorwerk (Text), Erich Spiegelhalter (Abb.): Der Schwarzwald. Eine deutsche Kulturlandschaft in Geschichte und Gegenwart. Herder, Freiburg im Breisgau [u.a.] 1992, ISBN 3-451-22658-8
Kurt Klein: Verborgener Schwarzwald. Unbekanntes aus Volkskunde und Geschichte. Morstadt, Kehl [u.a.] 1988 (Edition Morstadt, Band 18), ISBN 3-88571-172-9
Max Scheifele: Aus der Waldgeschichte des Schwarzwaldes. Die Trift von Brenn- und Kohlholz. Wenn Grenzsteine reden. Schriften der Landesforstverwaltung Baden-Württemberg. DRW-Verlag, Stuttgart 2004, ISBN 3-87181-010-X
Hasel, K., Schwartz, E. (2006): Forstgeschichte – Ein Grundriß für Studium und Praxis, Verlag Kessel www.forstbuch.de; 406 Seiten, ISBN 3-935638-26-4
Baiersbronn, Haaptstrooss
Hôtel zu Baiersbronn
Baach am Mitteltal
Schwarzwaelder Bauerenhaus op engem Photochrom-Bild ëm 1900