Scy-Chazelles
franséisch Gemeng am Departement Moselle / From Wikipedia, the free encyclopedia
Scy-Chazelles ass eng franséisch Gemeng am Departement Moselle an der Regioun Grand Est.
Méi Informatiounen Kanton, Postcode ...
| |||||
---|---|---|---|---|---|
D'Kierch an där de Robert Schuman begruewen ass | |||||
Land | Frankräich | ||||
Regioun | Grand Est | ||||
Departement | Moselle | ||||
Arrondissement | Metz | ||||
Kanton | Montigny-lès-Metz | ||||
Postcode | 57160 | ||||
Gemengecode | 57642 | ||||
Koordinaten | 49° 06’ 52’’ N 06° 06’ 54’’ O | ||||
Fläch | 452 ha | ||||
Bevëlkerung | 2 482 (2005) |
Zoumaachen
D'Uertschaft läit um lénksen Uwänner vun der Musel um Südwesthank vum Mont Saint-Quentin.
Scy a Chazelles ware laang zwee verschidden Dierfer, bis se 1809 zesummegeschloss goufen. Op den Häng vum Mont Saint-Quentin ware fréier Wéngerten an deenen an der Hallschent vum 16. Joerhonnert de Roy des Vins produzéiert gouf.
An der Uertschaft gëtt et 13 reliéis Plazen, Kierchen, Kapellen, Kräizer a Gebietsplazen, vun deenen awer déi bekanntst déi befestegt Kierch ass, an där de Robert Schuman begruewen ass.
D'Parkierch ass d'Kierch Saint-Rémi aus dem 6. Joerhonnert, op der Esplanade vis-à-vis vun der Märei.