schweedesch Schrëftstellerin From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Selma Ottilia Lovisa Lagerlöf, gebuer den 20. November 1858 um Haff Mårbacka an der haiteger Gemeng Sunne, am Värmland (Schweden) an och do de 16. Mäerz 1940 gestuerwen, war eng schweedesch Schrëftstellerin.
Selma Lagerlöf | |
---|---|
Portrait vun 1909 | |
Gebuertsnumm | Selma Ottilia Lovisa Lagerlöf |
Gebuer | 20. November 1858 |
Gestuerwen | 16. Mäerz 1940 |
Doudesursaach | Hiereschlag |
Nationalitéit | Schweden |
Aktivitéit | Romancier, Kannerbuchauteur, Biograph, Enseignant, Dichter, Schrëftsteller, Prosaist, Iwwersetzer, Autobiograph, Auteur |
Member vun | Schweedesch Akademie, Samfundet De Nio, Svenska hem |
Famill | |
Papp | Erik Gustaf Lagerlöf |
Mamm | Elisabet Lovisa Wallroth |
Si ass eng vun de bekanntste Schrëftstellerinnen aus hirem Land an ee vun de puer schweedeschen Auteuren, déi zu der Weltliteratur gezielt ginn. 1909 huet si - als éischt Fra - den Nobelpräis fir Literatur kritt a gouf 1914 - och als éischt Fra - an d'Schweedesch Akademie opgeholl.
Si huet reliéis, fantasievoll an heemechtverbonne Wierker, sou wéi och Kannerbicher, geschriwwen. Eent vun hire bekanntste Wierker ass de Roman Nils Holgerssons underbara resa genom Sverige (däitschen Titel: „Die wunderbare Reise des kleinen Nils Holgersson mit den Wildgänsen“, 1906–1907).
Nodeems si 10 Joer als Léierin geschafft hat, gouf se 1895 fräi Schrëftstellerin.
(a Klameren: Titel vun der däitscher Iwwersetzung)
Commons: Selma Lagerlöf – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.