Shantel
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Shantel, gebuer als Stefan Hantel den 2. Mäerz 1968 zu Mannheim, ass en däitschen DJ a Museksproduzent, deem seng Grousseltere vu senger Mamm hirer Säit Flüchtlingen aus dem rumäneschen Deel vun der Bukowina (Tscherniwzi, haut Ukrain) sinn. Hien ass ee vun den international populäerste Vertrieder vum Balkan-Pop.
Shantel | |
---|---|
Shantel, 2022 | |
Gebuer |
2. Mäerz 1968 Mannheim |
Nationalitéit | Däitschland |
Aktivitéit | Disk Jockey, Gittarist, Museksproduzent |
Haaptstatiounen a sengem Liewen: DJ zanter der Mëtt vun den 1980er Joren, Grënner vun engem Frankfurter Club, Matgrënner 1994 vum Musekslabel Essay Recordings, a schlussendlech Grënner vum Bucovina Club Orkestar. No sengen Ufänk déi éischter am Downbeat ze siche sinn, mixt de Shantel no senger Osteuroparees 2001 zeréck bei seng Wuerzele mat vill Erfolleg traditionell Balkanmusek mat modernen elektronesche Beats.
Déi 2003 an 2005 op sengem Label verëffentlecht "Bucovina-Club"-Compilatiounen, wou en Titele vu bekannten osteuropäesche Museksgruppen zum Deel remixed huet, hunn him éischte weltwäiten Erfolleg bruecht. Vu sengen eegene Lidder sinn déi bekanntst wuel Disko Boy, Disko Partizani, a Citizen of Planet Paprika. Hien huet och Lidder fir de Soundtrack vun de Filmer "Alles auf Zucker" (2004), "Auf der anderen Seite" (2007) a "Borat" (2007) bäigesteiert.