Sherlock Holmes
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Sherlock Holmes ass eng bekannt Figur aus den Detektiverzielunge vum englesche Schrëftsteller Sir Arthur Conan Doyle.
Dëse Literaturartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Sherlock Holmes | |
---|---|
Sherlock Holmes, Kuelenzeechnung vum Sidney Paget (1904) | |
Gebuer | 6. Januar 1854 |
Nationalitéit | Vereenegt Kinnekräich |
Zesumme mat sengem Kolleeg Dr. Watson kënnt de gescheiten a raffinéierten Holmes all Verbriecher op d'Spur. Seng Haaptatoute si seng erstaunlech developpéiert Fäegkeet vun der Deduktioun, säi Sënn fir schaarf Beobachtungen a säi grousst Allgemengwëssen. Dobäi geet en awer dovun aus, datt een e Gehier grad wéi eng Komoud och kéint iwwerlaaschten an dofir mécht e säi Geescht fräi vun all fir hien onnëtzem Wëssen (z. B. datt d'Äerd ëm d'Sonn dréint).
Den Doyle huet seng Figur an hiert Ëmfeld sou realistesch beschriwwen, datt no engem BBC-Sondage vun 1959 ganzer 59 % vun den Englänner gemengt hunn, den Detektiv aus der 221B Baker Street, mat senger Päif a senger Gei, hätt wierklech gelieft.