From Wikipedia, the free encyclopedia
De Sinus Roris – lat. fir Bucht vum Da – ass en Ausleefer vum Oceanus Procellarum um Äerdmound. D'Bezeechnung staamt vum italieeneschen Astronom Giovanni Riccioli (1598–1671); déi offiziell Benennung koum 1935 duerch d'International Astronomesch Unioun.
Déi donkelgro Basaltfläch vum verstengerte Lavaséi huet e mëttleren Duerchmiesser vun 202 Kilometer. D'Mieresbucht läit op der äerdzougedréiter Moundsäit bei de selenographesche Koordinate 54° 00' Nord an 56° 36' West. Si geet am Süden um Mons Rümker an den Oceanus Procellarum iwwer an ass ëstlech mat dem Mare Frigoris verbonnen. Bannent der Bucht verleeft déi schmuel Moundrill Rima Sharp.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.