From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Sophie Friederike Mathilde Prinzessin vu Württemberg, gebuer de 17. Juni 1818 zu Stuttgart, a gestuerwen den 3. Juni 1877 zu Huis ten Bosch, war als éischt Fra vum hollännesche Kinnek Wëllem III. vun 1849 bis 1877 Kinnigin vun Holland a Groussherzogin vu Lëtzebuerg.
Si war d'Duechter vum Wilhelm I. vu Württemberg an der russescher Groussfürstin Katharina Pawlowna, ass awer vun hirer Tatta groussgezillt ginn, well hir Mamm kuerz no hirer Gebuert gestuerwe war.
Den 18. Juni 1839 huet si zu Stuttgart hire Koseng Wilhelm, Prënz vun Oranien, bestuet. Si kruten 3 Jongen, déi all virun hirem Papp gestuerwe sinn. De Stot huet als onglécklech gegollt, an d'Sophie huet vill Zäit bei hirer Famill zu Stuttgart verbruecht.
D'Sophie stoung am reegelméissege Bréifkontakt mat Staatscheffen an anere bekannte Leit vun hirer Zäit.
Commons: Sophie vu Württemberg – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.