Spiller vun de klenge Länner 2013
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Spiller vun de klenge Länner 2013 ware vum 27. Mee bis zum 1. Juni 2013 zu Lëtzebuerg. Et war dëst déi zweet Kéier no 1995 datt d'Spiller am Groussherzogtum zu Gaascht waren.
Séier Fakten Stad, Land ...
Stad | Lëtzebuerg |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Editioun | 15 |
Natiounen | 9 |
Athleeten | 762 |
Sportaarten | 10 |
Zoumaachen
De Slogan vun der 15. Editioun war "Are you ready for the games?" (Si der prett fir d'Spiller?). D'Erëffnungsfeier war am Stade Josy-Barthel an d'Schlusszeremonie an der Abtei Neimënster.
Am Ganzen hunn 9 Natiounen deelgeholl (cf. Medailespigel), dorënner och Lëtzebuerg mat 163 Athleeten[1].
Et war déi éischt Kéier zanter dem Ufank vun de Spiller 1985 datt Lëtzebuerg am Medailespigel d'Nues vir hat, an et waren och nach ni sou vill Spectateure bei de Spiller wéi bei dëser Editioun.