Stan Getz
US-amerikaneschen Jazz-Museker / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Stanley Gayetzsky, besser bekannt als Stan Getz, gebuer den 2. Februar 1927 zu Philadelphia an den USA, a gestuerwen de 6. Juni 1991 zu Malibu, war en US-amerikaneschen Jazz-Tenorsaxophonist.
Séier Fakten Gebuertsnumm, Gebuer ...
Stan Getz | |
---|---|
Gebuertsnumm | Stanley Gayetsky |
Gebuer |
2. Februar 1927 Philadelphia |
Gestuerwen |
6. Juni 1991 Malibu |
Doudesursaach | Liewerkriibs |
Nationalitéit | USA |
Aktivitéit | Saxophonist, Jazzmuseker, Komponist |
Zoumaachen
Joerzéngte laang huet de Getz a ville Big Bands gespillt, dorënner déi vum Jack Teagarden, Stan Kenton, Jimmy Dorsey a vum Woody Herman.
Weltbekannt gouf de Getz duerch seng populär Bossa nova-Disken, wéi Desafinado zesumme mam Gittarist Charlie Byrd. Säi gréissten Erfolleg hat de Getz mat The Girl fom Ipanema vum Antonio Carlos Jobim, e Lidd, dat de Creed Taylor am Mäerz 1963 zu New York produzéiert huet.
No senger Latin-Jazz-Phas huet de Getz sech nees méi dem Jazz zougedréit.
De Stan Getz ass 1991 gestuerwen, hie war 64 Joer al ginn.