Stroossbuerger Eeden
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Stroossbuerger Eeden (de: Straßburger Eide; fr: Serments de Strasbourg) vum 14. Februar 842 sinn en Dokument, an deem d'Ierwe vum Karel de Groussen, seng Jongen Charles de Plakkapp a Ludwig den Däitsche sech géigesäiteg Hëllef verspriechen, fir hiren drëtte Brudder, resp. Hallefbrudder Lothaire I., deen de mëttelsten Deel vum Karel sengem Räich beusprocht huet, klengzehalen, nodeems déi zwéin d'Schluecht vu Fontenoy géint de Lothaire gewonnen haten.
D'Eede sinn och aus sproochlecher Siicht bemierkenswäert, well se an zwou Sprooche festgehale goufen: op Alhoudäitsch an op Alfranséisch resp., méi genee, engem romaneschen Dialekt vun de Langues d'oïl an engem westgermaneschen, fränkeschen Dialekt. Si goufen als Zitater an enger laténgescher Chronik, den Historiarum Libri IV vum Nithard, iwwerliwwert, wouvun eng Ofschrëft aus dem 10. Joerhonnert haut an der Bibliothèque nationale de France (BnF) zu Paräis versuergt gëtt.
Si sinn domat déi eelst Iwwerliwwerung vun engem Text op Alfranséisch an déi eelst Charte, déi net op Latäin ass, déi d'sproochlech Trennung vum Ost- a Westfrankeräich bezeit - deemno dem haitege frankophonen a germanophone Sproochraum.