From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Theologie (v. griich.: θεολογία, vun θεός, theós - "de Gott" λόγος, lógos - d'Wuert, d'Schwätzen, d'Léier) ass wiertlech geholl d'Schwätze vu Gott respektiv d'Léier vu Gott, oder allgemeng d'Léier vu Glawenssystemer a Glawensdokumenter. Dacks ass mat deem Begrëff d'chrëschtlech Theologie gemengt.
D'Theologie versteet sech als wëssenschaftlech Ausernanersetzung mat de Grondlage vum Glawen. D'Theologie ass eng Metatheorie, d. h. eng Reflexioun, déi op engem Niveau gemaach gëtt, dee sech vun deem vun der reliéiser Praxis respektiv vum konkreete Glawensvollzuch wesentlech ënnerscheet. Aus deem Grond muss een net gleeweg si fir awer Theolog ze sinn. Trotzdeem bekenne sech déi meescht Theologen zu enger konkreeter Konfessioun. Wat fir d'Philosophie zoutrëfft, gëllt och fir d'Theologie: Et gëtt net déi Theologie.
Commons: Theologie – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.