Thor (Rakéit)
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Thor (PGM-17 Thor) war eng an den USA entwéckelt a produzéiert eestufeg ballistesch Mëttelstreckerakéit (Intermediate Range Ballistic Missile, kuerz IRBM). Se gouf mat flëssegem Sauerstoff an RP-1, enger Kerosinaart, ugedriwwen. Si hat eng Längt vun 19,8 Meter an en Duerchmiesser vun 2,44 Meter. D'Startmass war 49.900 Kilogramm.