Turing-Präis
From Wikipedia, the free encyclopedia
Deen nom brittesche Mathematiker Alan M. Turing (1912-1954) benannten Turing-Präis (engl.: A.M. Turing Award) gëtt all Joer zanter 1966 vun der Association for Computing Machinery (ACM) u Persoune verginn, déi sech besonnesch un der Entwécklung vun der Informatik e Verdéngscht gemaach hunn.
Dee momentan mat 100.000 US-Dollar dotéierten Turing-Präis gëllt als héchst Auszeechnung an der Informatik a kann als Nobel-Präis fir Informatik ugesi ginn.