héchst Bundesgeriicht vun de Vereenegte Staaten From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Supreme Court of the United States ("Iewescht Geriicht vun de Vereenegte Staaten", ofgekierzt SCOTUS) gouf 1789 duerch den Artikel III vun der US Verfassung als dat héchst Bundesgeriicht vun de Vereenegte Staaten agesat. Et kann Urteeler vun de verschiddene Bundesgeriichter kasséieren, sou wéi och Urteeler vu Geriichter vu Bundesstaaten (state court), am Fall wou Bundesgesetzer am Spill sinn.
Am Gesetzsystem vun den USA ass d'Supreme Court déi lescht Instanz, wat d'Interpretatioun vu Bundesverfassungs-Gesetzer ubelaangt.
D'Geriicht besteet aus engem President, dem sougenannten Chief Justice of the United States, an aacht Associéierte Riichter (Associate Justices). Si gi vum President vun de Vereenegte Staaten ernannt a vum Senat confirméiert. Hir Nominatioun ass "op Liewenszäit", d. h. se hält eréischt op, wa s'a Pensioun ginn, kënnegen, oder duerch eng Impeachment-Prozedur entlooss ginn (wat awer nach ni virkomm ass).
De Sëtz ass am United States Supreme Court Building zu Washington D.C..
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.