![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/b/be/Uma_Thurman_2014_%2528cropped%2529.jpg/640px-Uma_Thurman_2014_%2528cropped%2529.jpg&w=640&q=50)
Uma Thurman
amerikanesch Schauspillerin / From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Uma Karuna Thurman, gebuer den 29. Abrëll 1970 zu Boston, Massachusetts, ass eng US-amerikanesch Schauspillerin.
Uma Thurman | |
---|---|
![]() um Berliner Filmfestival 2014 | |
Gebuertsnumm | Uma Karuna Thurman |
Gebuer |
29. Abrëll 1970 Boston |
Nationalitéit | USA |
Educatioun |
Lee Strasberg Theatre and Film Institute, Professional Children's School |
Aktivitéit | Schauspiller, Filmproduzent, Filmschauspiller, Mannequin, Dréibuchauteur, Televisiounsproduzent, Televisiounsschauspiller, Synchronspriecher |
Famill | |
Bestuet mat | Gary Oldman, Ethan Hawke |
![]() |
Si huet bis ewell an enger ganzer Rëtsch vu Filmer d'Haaptroll gespillt, vu romantesche Comédien an Dramen bis zu Science-Fiction- an Action Filmer. No fréie Rolle wéi an Dangerous Liaisons (1988), gouf si international fir hir Roll am Quentin Tarantino sengem Pulp Fiction bekannt. An den 1990er Joren huet si a Filmer wéi The Truth About Cats & Dogs, Batman & Robin, Gattaca a Les Misérables matgespillt.
Fir d'Mini-Serie Hysterical Blindness (2002) huet si e Golden Globe Award gewonnen. 2003/2004 krut hir Carrière en neien Driff, wéi den Tarantino se d'Haaptroll vun der "Wittfra" an den zwee Deeler vu Kill Bill spille gelooss huet.
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/a/af/Uma_Thurman_Photographed_by_Jiyang_Chen.jpg/640px-Uma_Thurman_Photographed_by_Jiyang_Chen.jpg)