Universitéit vu Kalifornien (Los Angeles)
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'University of California Los Angeles (UCLA) gouf 1919 gegrënnt an ass deen zweetgréisst Campus vun der University of California. D'UCLA ass eng vun de renomméiertste Universitéite vun der Welt a steet am Staddeel Westwood vu Los Angeles. Besonnesch d'Business School, d'John E. Anderson Graduate School of Management, erreecht all Joer Top-Rankingen. Am USNews-Ranking vun 2009, iwwer all US-amerikanesch Business Schools hat si d'Plaz 7, nach virun der Havard Business School oder Berkeleys Haas Business School.
University of California, Los Angeles (UCLA) | |
---|---|
Typ | staatlech Fuerschungsuniversitéit, ëffentlech Bildungsinstitutioun an den USA, Universitéit, Campus, Organisatioun |
Land | USA |
Uertschaft | Los Angeles |
Schülerzuel | 44.589 |
September 2020; 1. September 2021 | |
Ënnersteet der/dem | University of California |
Gegrënnt | 24. Juli 1919 |
Um Spaweck | https://www.ucla.edu/ |
D'Universitéit ass zanter 1927 zu Westwood Village tëscht Belair a Beverly Hills, virdun war si an der Vermont Avenue. D'Héichschoul ass Member vun der Association of American Universities, an där déi wichtegst fuerschungsintensiv nordamerikanesch Universitéiten zesummegeschloss sinn.