Véronique
weibleche Virnumm / From Wikipedia, the free encyclopedia
Véronique, resp. Veronika ass e weibleche Virnumm, deen op eng chrëschtlech Helleg zeréckgeet.
E kënnt aus dem Griichesche vu pherenike, wat "Bréngerin vun der Victoire" bedeit.
Déi eenzel Bestanddeeler vum Wuert sinn:
- φέρειν - droen
- Νίκη - d'Victoire
Déi gebräichlechst franséisch a lëtzebuergesch Diminutivform vum Virnumm ass Vero, déi däitsch ass Vroni, an déi russesch sinn Nika a Ronja.