![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/8/8f/Vendemiaire.jpg/640px-Vendemiaire.jpg&w=640&q=50)
Vendémiaire
From Wikipedia, the free encyclopedia
Haaptartikel zu dësem Theema: Republikanesche Kalenner
De Vendémiaire war den éischte Mount vum franséische republikanesche Kalenner.
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/8/8f/Vendemiaire.jpg/640px-Vendemiaire.jpg)
Op e puer Deeg méi oder manner huet de Vendémiaire vum 22. September bis zum 21. Oktober vum Gregorianesche Kalenner gedauert.
Ausserdeem huet de Vendémiaire ongeféier mat der Period iwwerenee gestëmmt, wou d'Sonn duerch d'Stärenzeeche vun der Wo vum tropeschen Déierekreeszeeche leeft.
Den Numm koum vun der Expressioun « des vendanges qui ont lieu de septembre en octobre », dëst waren d'Wierder déi de Fabre d'Églantine der Convention nationale den 3. Brumaire Joer II am Numm vun der « Commission chargée de la confection du calendrier » virgedroen huet.
Bleift ze notéieren datt dës Period natierlech mat de Vendangen op der nërdlecher Hallefkugel iwwerenee gestëmmt huet. Och wann d'Erfinder gär en universelle Kalenner gehat hätten, sou war dësen dach staark vun der franséischer Geographie an dem Liewen um Land beaflosst.