From Wikipedia, the free encyclopedia
Am Kader vun der Venera-Missioun (och Wenera oder "Venus") goufen tëscht 1961 an 1983 vun der Sowjetunioun en ettlech Raumsonden op d'Venus geschéckt. Mat Venera 7 war de 15. Dezember 1970 déi éischt mëll Landung op engem frieme Planéit gelongen.
An der Startfënster 1961 hat d'Sowjetunioun geplangt, zwou Sonden a Richtung Venus ze starten. Laang Zäit gouf ugeholl, datt d'Sonden eng kleng Landekapsel u Bord haten, déi op der Venus lande sollt an dorop ausgeluecht war, an engem Ozean (en Ozean op der Venus gouf déizäit ugeholl) schwammen ze kënnen. Déi Meenung gouf duerch d'Mathuele vu sowjeteschen Embleme wéi bei de Lunik-Sonden gespeist. Haut weess een, datt d'Sonde kee Lander derbäi haten, mä warscheinlech en haarden Opschlag op der Venus-Uewerfläch versiche sollten.
Well déi fir de Start benotzt Molnija-Drorakéit nach net vill getest war, goufen 1962 gläich dräi Sonde gestart. Fir zwou vun den dräi Sonde war eng Landung a fir eng e Laanschtfluch bei der Venus geplangt. D'Mass vun de Sonde war jee ronn 890 kg. D'Sonden koumen aus dem Projet 2-MV, bei deem e kollektive Bus fir eng Mars- oder Venussond entwéckelt gouf. Dëse Bus konnt dann entweeder eng Landekapsel oder een Instrumentepak matféieren.
Am Joer 1965 goufen nees verschidde Sondekoppelen op de Wee geschéckt: "Venera 2" a "Kosmos 96" ware Laanschtfluchsonden, "Venera 3" sollt eng Landesond aushänken, déi dann op der Planéitenuewerfläch lande sollt. Obwuel nëmmen d"Venera 2" an d"Venera 3" deelweis erfollegräich geschafft hunn, stellt d'Joer 1966 trotzdeem de sowjeteschen Duerchbroch zu der Venus duer. D'USA waren der Sowjetunioun awer schonn zevirkomm: Hiren éischten erfollegräiche Venuslaanschtfluch war de 14. Dezember 1962 mat Mariner 2.
De Sondebus war baugläich mat deem vun Zond 1 bis Zond 3. Et war e kollektive Bus fir Sonden op de Mars a fir op d'Venus geplangt ginn. Wärend d'Venussonden an de Venera-Programm agegliddert goufen, goufen d'Marssonde bis op eng ni gestart. Amplaz goufen si als Zond 1 bis Zond 3 gestart. Den Zond-Programm stoung allgemeng fir interplanetar Sonden, deenen hir real Natur d'Sowjetunioun ni matdeele wollt.
D'Laanschtfluchsonden hate verschidde Spektrometeren an e Kamerasystem u Bord, dat Fotoe beim Laanschtfléie maache sollt. De Lander sollt eng méi laang Zäit op der Uewerfläch sinn a war dofir mat Solarzellen ausgerëscht. Hien hat och meteorologesch Sensoren an Instrumenter fir Ënnersich vun der Atmosphär derbäi.
Déi béid Sonde vun 1967 ware weiderentwéckelt Modeller vu "Venera 3" a "Kosmos 96". "Venera 4" war déi éischt vollstänneg gegléckt Venus-Missioun vun der Sowjetunioun, obwuel si d'Venusuewerfläch net erreecht hat, well den héijen Drock vun der Venusatmosphär net ganz bekannt war. Trotzdeem hat d'Sond iwwer déi komplett geplangt Zäit geschafft a konnt wichteg Daten iwwer d'Atmosphär vun der Venus liwweren.
1969 war du fir d'éischt en Duebelstart vun der Sowjetunioun op d'Venus gelongen. Déi béid Sonden hunn der erfollegräicher "Venera 4" geglach, se haten awer Landekapselen déi op en eppes méi héije Baussendrock vu 25 Bar ausgeluecht waren. Mä och déi sinn net duergaangen, sou datt déi béid Sonden de Venusbuedem net intakt erreecht hunn. De Fallschiermsystem war verbessert ginn, sou datt d'Sonden elo méi séier duerch d'Atmosphär koumen; ausserdeem gouf d'Batteriekapazitéit erhéicht. Trotzdeem gëlle béid Sonden als Erfolleg, well si hate wéi geplangt, wärend dem Ofstig, Daten iwwer d'Atmosphär geliwwert. D'Mass vun de Sonde ware jee 1.130 kg, woubäi 405 kg op de Lander gefall sinn.
Mat "Venera 7", där hir Landesond engem Drock vun 180 Bar standhale konnt, hat d'Sowjetunioun den entscheedenden Duerchbroch erreecht. Et war déi éischt erfollegräich Landung op engem frieme Planéit iwwerhaapt. Déi komplett Mass vun der Sond hat 1.180 kg. E schwaacht Signal konnt 23 Minutte laang vun der Uewerfläch empfaange ginn, dono war d'Landekapsel roueg. Déi instrumentell Ausrëschtung, déi bei Venera 4 bis Venera 6 nach vill Experimenter fir d'Ënnersich vun der Atmosphär haten, hu missen elo op en Thermometer an e Barometer reduzéiert ginn, well déi verstäerkt Ofschiermung vun der Landekapsel vill Gewiicht gebraucht huet.
Déi béid Sonden, déi 1972 gestart goufen, hunn deene vun 1970 geglach. Well elo de Buedemdrock vu 90 bar bekannt war, konnt d'Ofschiermung vun der Kapsel nees méi kleng gehale ginn an et konnte méi Experimenter matgeholl ginn. E Radio-Héichtemiesser huet et erlaabt, d'Beweegung vun der Sond iwwer dem Buedem opzezeechnen a sou en Héichteprofil opzestellen. En Instrument huet Ammoniak cheemesch nogewisen, e weidert huet d'Gréisst an Verdeelung vun den Aerosolen an der Atmosphär ënnersicht. E Gammastralespektrometer huet um Buedem d'Konzentratioun vun den Elementer Kalium, Uran an Thorium bestëmmt. Eng weider Aufgab war et, d'Liichtverhältnesser op der Venusuewerfläch ze moossen, fir déi nächst mat Fotokameraen ausgeriicht Missioune virzebereeden. Dofir hunn d'Sonde missen op der Dagessäit vun der Venus landen, nodeems all aner Landeversich op der Nuetsäit waren. Déi total Mass vun de Sonde war jee 1.180 kg, d'Landesonde waren jee 495 kg schwéier an hate follgend Instrumenter: Temperatur-, Drock- a Liichtsensoren, ausserdeem en Héichtemiesser, e Gammastralespektrometer an e Gasanalysater. Well déi op 180 bar ausgeluecht "Venera 7" um Buedem nëmmen en Drock vu 90 bar gemellt hat, war déi Landekapsel nëmmen op 120 bar Baussendrock ausgeluecht.
All Venera-Sonden goufen bis elo mat Molnija-Rakéite gestart a waren domat op eng Mass vu ronn 1.180 kg begrenzt. Elo hat een awer déi wäitaus méi staark Proton-Rakéit zur Dispositioun, déi ongeféier 5.000 kg Richtung Venus transportéiere konnt. Doduerch ware wäitaus méi usprochsvoll Missioune méiglech, woufir een un de neie méi schwéier Venera-Sonden geschafft huet.
Nodeem d'Startfënster 1973 ausgeloosse gouf, huet een 1975 "Venera 9" an d"Venera 10" gestart, déi jee aus engem Orbiter an engem Lander bestanen hunn. Fir d'éischt sinn d'Mammesonden net laanscht de Planéit geflunn, mä haten en héichexzentreschen Orbit ageschloen. Déi béid Orbiter déi (ouni Dreifstoff) ongeféier 2.300 kg schwéier waren, hunn de Planéit vermooss a fir d'éischt Radarmiessungen geliwwert, well d'Venusuewerfläch – wéinst der Atmosphär déi komplett aus Wolleke besteet – net kloer ass. D'Sowjetunioun hat bei dëse béide Missioune mat Frankräich zesummegeschafft. D'Lander vun dëse Missiounen goufen an 2,4 m grousse Kugelen ënnerbruecht a waren jee 1.560 kg schwéier. Et hat ee verschidde Techniken agesat, fir d'Liewensdauer op der 475 °C gliddeger Uewerfläch z'erhéijen; beispillsweis d'Virkillen vum ganzen Lander op −10 Grad Celsius an d'Mathuele vu Päck mat Lithiumnitrat-Trihydrat, engem Salz, dat bei 30 Grad Celsius schmëlzt an dobäi Hëtzt ophëlt. Fir d'éischt haten d'Lander och Kameraen, déi graff opgeléiste Biller vun der Venusuewerfläch geliwwert hunn. Et waren déi éischt vollstänneg Biller vun der Uewerfläch vun engem frieme Planéit iwwerhaapt[1]. Ausserdeem haten d'Lander och en Ausleeër, un deem duerch e Röntgenfluoreszenzspektrometer d'Zesummesetzung vun der Uewerfläch bestëmmt gouf.
De Venera-9-Orbiter hat bis den 22. Mäerz 1976 geschafft. Béid Orbiter ënnersichten d'Venusatmosphär mat Kameraen a Spektrometer. Weider Experimenter haten dem interplanetare Raum gegollt an der Sich no Gammastralenausbrëch.
Bei der "Venera 11" an "Venera 12" déi 1978 gestart waren, koum d'Sowjetunioun dann nees op hir al Technik zeréck: D'Mammesond war beim Planéit laanscht geflunn an hat e Lander ofgesat. Dëst hat e méi laange Kontakt mam Lander erlaabt. Béid Sonden konnten – well sech d'Verkleedung vun der Kamera net léise konnt – nëmmen Daten, awer keng Biller iwwermëttelen. D'Sonden haten beim Start e Gewiicht vu jee 4.940 kg. Bei béide Laanschtfluchsonde ware Frankräich an Éisträich bedeelegt.
Och d'Sonde "Venera 13" a "Venera 14" bestoungen aus jee engem Laanschtfluch an engem Lander. D'Sonden hunn am Géigesaz zu hire Virgänger nees Biller vun der Uewerfläch op d'Äerd geschéckt. D'Fotoe vun der Uewerfläch goufen déi Kéier mat héichopléisende Faarfkamerae gemaach. Ausserdeem haten d'Lander sënnräich Analyssystemer, déi Buedemprowen geholl hunn an an der Sond mat engem Röntgenfluoreszenzspektrometer ënnersicht hunn. D'Gewiicht vun de Lander waren jee 760 kg. Déi béid Mammesonden goufe zudeem nach fir Manövertester fir déi spéider Vega-Missioun souwéi fir Sonnenobservatioune benotzt a waren dofir mat engem Magnéitometer an Detektere fir kosmesch Stralen, Gammastralen an Deelchendetekteren ausgerëscht.
"Venera 15" a "Venera 16" hate kee Lander, hunn awer d'Aarbecht vu "Venera 9" an "Venera 10 fortgesat. Béid Sonden ware baugläich an hunn op modifizéierten Fluchplattformen vu "Venera 9" bis "Venera 14" baséiert. Si bestoungen aus engem 5 m laangen Zylinder an enger 1,4 m héijer parabolescher Antenn mat engem Duerchmiesser vu 6 m fir den Synthetic Aperture Radar (SAR), déi un engem Enn vum Zylinder ënnerbruecht war. Eng 1 m grouss parabolesch Antenn fir den Radiohéichtemiesser war och un dësem Enn vun der Sond. E Bockel um entgéintgesaten Enn vum Zylinder hat Dreifstofftanken an Undriffssystemer. Fir d'Stroumversuergung stoungen zwee Solarpaneelen zur Dispositioun. Eng 2,6 m grouss Antenn, déi un der Säit vum Zylinder ubruecht war, huet der Kommunikatioun mat der Äerd gedéngt. D'Sonden haten e Gewiicht vu jee 4.000 kg.
Am Ganzen konnten d'Sonden ongeféier 30 % vun der Uewerfläch mat hirem Synthetic Aperture Radar (SAR) erfaassen, mat deem senger Hëllef een ënner déi dicht Wollekendecke vun der Venus kucke konnt. Déi vu "Venera 15" a "Venera 16" erstallte Kaarten haten eng Opléisung vun 1 bis 2 km a waren domat ongeféier 30 Mol méi detailléiert wéi déi vu Pioneer-Venus 1. Béid Sonden konnten an hirer elliptescher Ëmlafbunn nëmmen d'Nordhallefkugel bis ronn 30 Grad nërdlecher Breet erfaassen. Dat entsprécht ongeféier 25 Prozent vun der Venusuewerfläch. Allerdéngs hat déi sechs Joer spéider gestarten US-amerikanesch Magellan-Sond global Venuskaarte mat enger Opléisung vu ronn 100 Meter verfaasst, déi d'sowjetesch Leeschtungen an de Schiet gestallt hunn. An de Missiounen "Venera 15" a "Venera 16" waren Frankräich an déi DDR mat Instrumenter bedeelegt.
Vun 1984 bis 1986 gouf et zwou weider sowjetesch Missiounen, Vega 1 an 2. Béid konnten hir Missiounen erfollegräich ofschléissen.
Venera D ass eng geplangte Venussond, déi vun Lawotschkin entwéckelt soll ginn an net virun 2025 starte soll. D'Sond soll aus engem Orbiter, engem Lander an engem an der Atmosphär schwiewendem Ballon bestoen. De Lander soll d'Atmosphär ënnersichen, no vulkaneschen Aktivitéiten sichen, d'Uewerfläch fotograféieren an ettlech Stonnen op der Venusuewerfläch iwwerliewe kënnen.
D'Erfuerschung vun der Venus zielt zu den Héichpunkten a Glanzleeschtunge vun der sowjetescher Raumfaart. Am Joer 1966 hat d'Sowjetunioun éischt Deelerfolleg erziilt, 1970 mat der éischter Landung op engem anere Planéit den endgültegen Duerchbroch gemaach. No 1972 war d'Technik sou wäit ausgeräift, datt keng Missioun méi schif gelaf ass. Am Joer 1975 hat d'Sowjetunioun den éischten Orbiter, dee mat der Radarkartéierung vum Planéit ugefaangen hat, higeschéckt. D'Kartéierung vum Planéit gouf vun der Sowjetunioun net fäerdeg gemaach.
Trotzdeem gëllt d'Venus zanter Mëtt vun den 1980er Joren als sou gutt erfuerscht, datt sech d'Sowjetunioun aneren Ziler zougedréit huet. Bis zum Enn vum 20. Joerhonnert gouf et dann nëmme nach eng weider Venus-Missioun, d'Magellan vun den USA, déi d'Kartéierung vum Planéit fäerdeg gemaach huet.
Am neie Joerdausend gëtt et nei Bestriewunge fir d'Venus z'erfuerschen, an zwar an éischter Linn vun Europa mat der erfollegräicher Sond Venus Express (2006–2014) a vu Japan mat Akatsuki, déi am zweeten Ulaf 2015 an de Venusorbit aschwenke konnt. Och Russland well sech weiderhin mat der Venera-D-Missioun bedeelegen.
Commons: Venera-Missiounen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.