Week-end ardennais
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Week-end ardennais war e kombinéiert Klassement vun de belsche Vëlosklassike Flèche wallonne a Liège-Bastogne-Liège, dat an de Joren 1950 bis 1964 gemaach gouf.
![]() |
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Lëtzebuerger Marcel Ernzer konnt 1954 mat enger fënnefter Plaz an der Flèche Wallone an deen Dag drop mat enger éischter Plaz a Liège-Bastogne-Liège dat Klassement fir sech entscheeden.
An der Zäit vum Week-End Ardennais gouf dräimol e sougenannten Doublé ardennais (zwou éischt Plazen an engem Weekend) realiséiert; zweemol vum Ferdi Kübler (1951 an 1952) an eng Kéier vum Stan Ockers (1955).