Wëllem II. vun Holland
Kinnek vun Holland a Groussherzog vu Lëtzebuerg vun 1840 bis 1849 / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Wëllem II. vun Holland (Willem van Oranje-Nassau) gebuer de 6. Dezember 1792 zu Den Haag a gestuerwen de 17. Mäerz 1849 zu Tilburg war vun 1840 bis 1849 Kinnek vun Holland a Groussherzog vu Lëtzebuerg.
Séier Fakten Titelen, Zäit ...
Wëllem II. vun Holland | |
---|---|
Wëllem II. vun Holland | |
Titelen | |
Kinnek vun Holland | |
Zäit | vun 1840 bis 1849 |
Virgänger | Wëllem I. |
Nofollger | Wëllem III. |
Groussherzog vu Lëtzebuerg | |
Zäit | vun 1840 bis 1849 |
Virgänger | Wëllem I. |
Nofollger | Wëllem III. |
Biographie | |
Gebuer |
6. Dezember 1792 Den Haag |
Gestuerwen |
17. Mäerz 1849 Tilburg |
Papp | Wëllem I. vun Holland |
Kanner | Wëllem III. vun Holland, Henri vun Oranien-Nassau |
Zoumaachen
Hie war de Jong vum Wëllem I. an der Wilhelmina vu Preisen.
Hien huet sech 1816 mat der Groussherzogin Anna Pavlovna vu Russland bestuet.
D'Koppel hat véier Kanner:
- Wëllem III. vun Holland
- Alexander vun Oranien-Nassau (1818-1848)
- Henri vun Oranien-Nassau (1820-1879). Hien huet sech 1853 mat der Amelia vu Sachsen-Weimar bestuet, an no där hirem Doud huet e sech 1878 mat der Maria vu Preise bestuet.
- Sophie vun Oranien-Nassau (1824-1897). Si huet sech 1842 mat dem Charel-Alexander vu Sachsen-Weimar-Eisenach (1818-1901) bestuet.