Zesummen - d'Bréck
From Wikipedia, the free encyclopedia
Zesummen - d'Bréck ass eng Walunioun, bei där sech d'Partei Zesummen mat der Vereenegung D'Bréck zesummegedoen huet fir eng gemeinsam Lëscht bei de Wale fir d'Europäescht Parlament 2024 ze presentéieren.
Séier Fakten
Zesummen - d'Bréck | |
---|---|
Zoumaachen
President ass de fréieren LSAP- an Déi-Gréng-Politiker David Foka. Zesummen-D'Bréck huet als Zil, de kulturellen Austausch tëschent de verschiddene Communautéiten zu Lëtzebuerg ze fërderen an allgemeng en „universellen Humanismus“ ze promovéieren.[1]
Zesummen - d'Bréck setzt sech ënner anerem dofir an, datt och net-EU-Bierger bei Lëtzebuerger Walen dierfen wielen goen.[2]
Bei den Europawale vum 6. Juni 2024 krut Zesummen - d'Bréck 6.172 Stëmmen (0,45 %) - net genuch fir ee Sëtz.[3]