Zu Lëtzebuerg bezitt sech d'Zivilrecht (Droit civil), grad wéi a Frankräich, op all Froen a juristesch Akten, fir déi d'zivil Juridictioun zoustänneg ass. D'Zivilrecht steet dem Handelsrecht, dem Strofrecht an dem administrative Recht géigeniwwer a bezitt sech haaptsächlech op physesch Persounen, an op moralesch Persoune mat zivilrechtlechem Charakter.
Dësen Artikel gehéiert zur Serie vun den Droits-Artikelen. Dës Explikatioune bezéie sech am Prinzip just op dat lëtzebuergescht Recht. Ënner Ëmstänn goufen déi lescht Changementer an der Legislatioun an/oder der Jurisprudenz nach net berécksichtegt. Et handelt sech och net ëm e juristesche Rot, mä ëm eng vereinfacht Duerstellung fir Laien. A konkreete Fäll soll ee sech ëmmer un en Affekot wennen! |
Dësen Droitsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Reegele vum Zivilrecht stamen aus dem Code Napoléon, grad wéi an de meeschte franséischsproochege Länner (wéi d'Belsch, Frankräich, Kanada a Schwäiz), deen a senger Originalform 1804 a Frankräich a Kraaft getrueden ass.
Inhalt vu sengen dräi Bicher
- Buch I: Iwwer d'Persounen, mat senge wichtegen Titeren, wéi:
- Titel I: Genoss vun den Zivilrechter (jouissance)
- Titel II: Zivilrechtlech Akten
- Titel III: Wunnuert (domicile)
- Titel IV: Déi, déi net resp. nimméi dosinn (absents)
- Titel V: Bestietnes
- Titel VI: Scheedung (divorce)
- Titel VII: Nokommen (filiation)
- Titel VIII: Adoptioun
- Titel IX: Autoritéit vun den Elteren
- Titel X: Minoritéit (minorité, tutelle et émancipation)
- Titel XI: Majoritéit (Majorité et majeurs protégés par la loi)
- Buch II: Den Eegentum vu Gidder (Propriété) a seng Ännerungen
- Titel I: Ënnerscheede vun de Gidder
- Titel II: Eegentum (propriété)
- Titel III: De Genoss an de Gebrauch vum Eegentum (Usufruit et usage de la propriété)
- Titel IV: D'Belaaschtunge vum Eegentum (servitudes et services fonciers)
- Buch III: Déi verschidde Manéieren, déi zu sengem Besëtz féieren
- Titel I: Successiounen
- Titel II: Donatiounen an Testamenter (donations entre vifs et testaments)
- Titel III: D'Kontrakter (contrats et obligations conventionnelles en général)
- Titel IV: Aner Engagementer (engagements qui se forment sans convention)
- Heirënner fält och d'Haftung a senge verschiddene Formen (Art. 1382 an Art. déi duerno kommen)
- Titel V: Regimmer tëscht bestuete Partner (contrat de mariage et régimes matrimoniaux)
- Titel VI: De Verkaf (vente)
- Titel VII: Den Tosch (l'échange)
- Titel VII: D'Locatioun
Kuckt och
Um Spaweck
Wikiwand in your browser!
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.