(2101) Adonis
Asteroid From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Den (2101) Adonis ass en äerdnoen Asteroid aus der Grupp vun den Apollo-Asteroiden. Dat sinn Himmelskierper, deenen hir Bunn d'Äerdbunn kräize kann.
Den Adonis gouf den 12. Februar 1936 vum Eugène Delporte entdeckt an nom Adonis, engem schéine Jong aus der griichescher Mythologie genannt.
Den Asteroid goung spéider verluer a konnt eréischt 1977 nees zeréckentdeckt ginn. Berechnungen hu gewisen, datt den Adonis am Joer 1926 bis op 2,5 Millioune Kilometer un eis Äerd eru koum.
Den Adonis leeft op enger exzentrescher Bunn tëscht 0,4406 AE (Perihel) an 3,3069 AE (Aphel) an 2,56 Joer ëm d'Sonn. D'Bunnexzentrizitéit ass 0,7649, woubäi d'Bunn 1,348° géint d'Ekliptik gebéit ass.
D'Gréisst vum Adonis gëtt op 0,5 bis 1,2 km geschat.
Remove ads
Kuckt och
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads
