(243) Ida
Asteroid From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Den (243) Ida ass en Asteroid vun der Haaptasteroidenceinture, deen den 29. September 1884 vum Johann Palisa am Observatoire zu Wien entdeckt gouf.
Den Ida ass en onreegelméisseg geformte Kierper. Seng Uewerfläch ass hell a silikaträich.
Den 28. August 1993 ass d'Raumsond Galileo beim Asteroid op enger Distanz vun 10.500 km laanschtgeflunn an huet CCD-Fotoen op d'Äerd geschéckt. D'Fotoe weisen een onreegelméisseg geformten Himmelskierper, (kuckt d'Foto riets) dee vun Aschlagkrateren iwwerséit ass. Grouss Deeler vum Asteroid si vun enger Stëbsschicht, dem Regolith, bedeckt.
Et huet sech weiderhin erausgestallt, datt den Ida vun engem klengen natierleche Mound ëmkreest gëtt. Dësen nëmmen 1,4 km grousse Mound krut den Numm Dactyl, a war den éischten Asteroidemound deen observéiert gouf.


Remove ads
Kuckt och
Um Spaweck
| Commons: 243 Ida – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads
