(253) Mathilde

Asteroid From Wikipedia, the free encyclopedia

(253) Mathilde
Remove ads

Den (253) Mathilde ass en Asteroid vun der Haaptasteroidenceinture mat engem mëttleren Duerchmiesser vu ronn 50 km. Am Juni 1997 ass d'Raumsond NEAR-Shoemaker op enger Distanz vun 2.400 km laanscht de Mathilde geflunn an hat Daten a Fotoen op d'Äerd geschéckt.

Séier Fakten Eegenschafte vum Orbit, Orbittyp ...
Remove ads

D'Uewerfläch vum Mathilde ass däischter, méi schwaarz wéi Kuelen. Den Asteroid gehéiert zu der Spektralklass Cb an der SMASS-Klassifikatioun an däerft cheemesch änlech opgebaut si wéi d'kueleg Chondritten, eng Grupp vu kuelestoffhaltege Steemeteoritten. De Mathilde ëmkreest d'Sonn op enger exzentrescher Bunn, déi bis an de baussenzege Beräich vun der Haaptasteroidenceinture reecht. E rotéiert nëmme ganz lues ëm seng eegen Achs an huet eng vun de längste Rotatiounsperiode vun de bekannten Asteroiden. D'Haaptkennzeeche vun der Mathilde-Uewerfläch ass e risegen Aschlagkrater vun 10 km Déift. D'Tatsaach, datt de Mathilde bei dësem Impaktereegnes net zerstéiert gouf, léisst dorop schléissen, datt den Asteroid kee kompakte Kierper ass, mä eng Usammlung vu Brochstécker (rubble pile), déi duerch déi schwaach Gravitatioun zesummegehale ginn. Dorop deit och déi kleng Dicht vun 1,3 g/cm3 hin, déi aus der Bunnoflenkung vun der Sond bestëmmt konnt ginn.

Et gëtt ugeholl, datt den (253) Mathilde no der Fra vum Astronom Maurice Loewy genannt gouf.

Thumb
Ee vun de grousse Krateren um Asteroid (253) Mathilde
Remove ads

Kuckt och

Portal Astronomie

Um Spaweck

Commons: Mathilde (Asteroid) – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads