1998 WW31

Asteroid From Wikipedia, the free encyclopedia

1998 WW31
Remove ads

Den 1998 WW31 ass en Transneptuneschen Objet.

op ee Bléck Eegenschafte vum Orbit, Orbittyp ...

Hie gouf den 18. November 1998 vum Deep Ecliptic Survey entdeckt a mécht mam Objet S/2000 (1998 WW31) 1 dat éischt entdeckt transneptunescht Duebelsystem zanter der Entdeckung vum Pluto a senge Mounden an ass dat bekanntst wéi och dat symmetreschtst Duebelsystem am Sonnesystem.

Déi zwéi Kierper hu bal déi selwecht Gréisst, d'Verhältnes vun hirem Duerchmiesser ass 1:1,2, d'Verhältnes vun hire Massen ass 1:1,74, wann ee vun de selwechten Uewerflächen an Dichten ausgeet. Hir Ëmlafzäit ëmeneen dauert ronn 570 Deeg, d'Distanz vuneneen ass tëscht ronn 4.000 a 40.000 km, woubäi déi grouss Hallefachs ongeféier 22.000 km ass. D'Duerchmiesser vu béiden Objete leien ongeféier tëscht 100 an 150 km, wann ee vun enger Dicht vun 1 bis 2 g/cm³ ausgeet. Hir kollektiv Mass ass 1/6000 vum System Pluto-Charon.

Remove ads

Kuckt och

Portal Astronomie

Um Spaweck

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads