Association internationale de la presse sportive
internationalen Daachverband vun de Sportjournalisten From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
D'Association internationale de la presse sportive (AIPS) ass den internationalen Daachverband vun de Sportjournalisten. De Sëtz vun der AIPS ass zu Lausanne.
D'AIPS vergëtt ënner anerem d'Auszeechnung Power of Sports Award an déi héchst international Auszeechnung fir Sportjournalisten, d'AIPS Sport Media Awards.
Remove ads
Geschicht
D'Vereenegung gouf 1924 virun der Erëffnung vun den Olympesche Spiller zu Paräis gegrënnt.
Matgrënner war de franséisch-lëtzebuergesche Sportjournalist Alphonse Steinès. Den éischte President war de franséische Journalist Frantz Reichel, deen och selwer als Leefer a Rugbyspiller un de Spiller 1896 an 1900 deelgeholl hat, an am Rugby eng Goldmedail gewonnen huet. Hie blouf President vun der AIPS bis zu sengem Doud am Joer 1932. Nofollger war säi belsche Vizepresident Victor Boin, deen dëse Posten bis 1956 hat, an och selwer u véier Olympesche Spiller deelgeholl huet.
Deen aktuellen President ass zanter 2005 den Italieener Gianni Merlo, Sportjournalist bei der La Gazzetta dello Sport.
Bei der Grënnung waren 8 national Sportjournalisteverbänn dobäi. Mëttlerweil sinn 161 Länner an der AIPS vertrueden (Stand: 2025)[1]. D'Lëtzebuerger Association luxembourgeoise des journalistes sportifs (haut sportspress.lu) gouf ëm 1930 an d'AIPS opgeholl[2].
Remove ads
Um Spaweck
Referenzen an Notten
- (fr) Historique | Sportspress (23.06.2018). Gekuckt de 05.03.2025.
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads
