Aart

taxonomesche Rang From Wikipedia, the free encyclopedia

Remove ads

D'Aart oder d'Spezies ass d'Grondeenheet vum System vun de Liewewiesen. D'Individue vun enger Aart bilden eng natierlech Fortplanzungsgemeinschaft, där hir Nokomme fruchtbar sinn a sech net mat aneren Aarte vermëschen. Wann et trotzdeem eng Kéier virkënnt, datt zwou verschidden Aarte sech vermëschen, da sinn hir Nokommen Hybriden.

Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Carl von Linné huet a sengem Wierk, dem Systema naturae, de Grondstee vun der wëssenschaftlecher Nomenklatur geluecht, andeems hien d'Taxonomie, eng binär Nomenklatur, agefouert huet an domat d'Grondlag geschaf vun der botanescher Fachsprooch.

De wëssenschaftlechen Numm vun enger Aart (Aartennumm) gëtt deemno op Latäin geschriwwen a setzt sech aus engem éischten Deel, den Numm vun der Gattung (Gattungsnumm), an engem zweeten Deel, an der Zoologie Aartzousaz oder spezifeschen Aartennumm genannt, an der Botanik Aart-Epitheton (pl. Epitheta), zesummen. Zum wëssenschaftlech Numm gehéiert och den Numm vum Auteur (dacks gekierzt), an der Zoologie kënnt nach d'Joer derbäi, an deem d'Aart beschriwwe gouf. Dëst erlaabt et, fir Synonymmen auserneenzehalen.

D'Aarte kënnen nach an Ënneraarten agedeelt ginn. Sou ass z. B. d'Hauskaz eng Ënneraart vun der wëller Kaz.

Ënner Vernakularnumm bzw. Trivialnumm, oder laténgesch "Nomen triviale", versteet een an der biologescher Nomenklatur déi regional- oder landessproochlech Bezeechnung fir en Taxon amplaz vu sengem wëssenschaftlechen Numm.

Méi Informatiounen an der Botanik, Vernakularnumm ...
Remove ads

Kuckt och

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads