Acte unique

From Wikipedia, the free encyclopedia

Remove ads

Den Acte unique, och Eenheetlechen Europäeschen Akt (EEA), mam ganzen Numm Acte unique européen, ass en Europäeschen Traité, deen de 17. Februar 1986 vun 9 vun den deemools 12 Staate vun der Europäescher Gemeinschaft zu Lëtzebuerg ënnerschriwwe gouf (déi aner 3 koume kuerz duerno no) an deen den 1. Juli 1987 a Kraaft getrueden ass. Et war dëst e wichtege Schrëtt um Wee an d'Europäesch Unioun.

Den Acte unique huet d'Decisioune vun der Regierungskonferenz vum Europäesche Conseil vu Mailand rechtlech 'verklausuléiert'. Decidéiert war ginn, e Bannemaart ze realiséieren, d'Funktionéiere vun den Europäeschen Institutiounen ze vereinfachen, nei Politikberäicher der Communautéit z'iwwerdroen an der Europäescher Politescher Zesummenaarbecht eng rechtlech Grondlag ze ginn.

Am Acte Unique gouf dann och de Bannemaart fir d'éischt Kéier definéiert (d'fräi Zirkulatioun vu Wueren, Servicer, Persounen a Kapital) an déi 282 Rechtsakten opgezielt, déi néideg waren, fir e bis den 1. Januar 1993 ze realiséieren. D'Roll vum Europäesche Parlament ass gestäerkt ginn (et krut mam Ministesch-Conseil dat sougenannt "Codecisiounsrecht" bei enger ganzer Rëtsch Politikberäicher) an et gouf festgehalen, datt am Conseil Decisiounen zu Bannemaartpolitike mat qualifizéierter Majoritéit, an net méi mat Unanimitéit, geholl kënne ginn.

Ausserdeem gouf der Communautéit d'Zoustännegkeet iwwer déi heite Politikberäicher iwwerdroen: Wärungspolitik, Sozialpolitik, wirtschaftlech a sozial Kohesioun, Fuerschung an technologesch Entwécklung an Ëmweltpolitik. D'Memberstaate blouwen awer weiderhin eleng zoustänneg fir Decisiounen a Saache Steieren, fräi Zirkulatioun vun Aarbechter an d'Rechter vun den Employéen an Aarbechter.

Ënner anerem gouf och festgehalen, eng Organisatioun ze grënnen, fir datt d'Memberstaate besser am Strofrechtlechen Domaine zesummeschaffe kéinten.

Remove ads

Um Spaweck

Ënnerzeechnung
A Kraft getrueden
Traité
1948
1948
Bréisseler
Pakt
1951
1952
CECA
1954
1955
Paräisser
Traitéen
1957
1958
Roum
1965
1967
Fusiouns-
traité
1986
1987
Acte
unique
1992
1993
Maastricht
1997
1999
Amsterdam
2001
2003
Nice
2007
2009
Lissabon
Europäesch Communautéiten Dräi Saile vun der Europäescher Unioun
Europäesch Atomgemeinschaft (Euratom)
Europäesch Communautéit fir Kuel a Stol (CECA) Traité 2002 ausgelaf Europäesch Unioun (EU)
Europäesch Wirtschaftsgemeinschaft (EWG) Europäesch Communautéit (EC)
Justiz an Interieur (JI)
Zesummenaarbecht vu Police a Justiz bei Strofaffären (PJZS)
Europäesch Politesch Zesummenaarbecht (EPZ) Gemeinsam Aussen- a Sécherheetspolitik (GASP)
Westunioun (WU) Westeuropäesch Unioun (WEU)
op den 1. Juli 2011 opgeléist
Portal EU – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Europäesch Unioun.
Remove ads
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads