Administrateur vun der National Aeronautics and Space Administration

From Wikipedia, the free encyclopedia

Administrateur vun der National Aeronautics and Space Administration
Remove ads

Den Administrateur vun der National Aeronautics and Space Administration ass de Chef vun der NASA, der Weltraumorganisatioun vun den USA. Donieft ass hien de raumfaartwëssenschaftleche Beroder vum President vun de Vereenegte Staaten.

Thumb
Den aktuellen NASA-Direkter Robert M. Lightfoot Jr.

Éischten NASA-Administrateur gouf am Joer 1958 den Thomas Keith Glennan. Virun der NASA-Grënnung waren déi verschidde staatlech Fuerschungs- an Entwécklungsprojete vun der Raumfaart op verschidde Plaze verdeelt. Eng vu sengen éischten Aufgaben war et dofir, déi an der neier Agentur ze vereenen.

Den Daniel Goldin war mat iwwer 9 1/2 Joer déi längst Zäit op där Plaz. Déi eenzeg Persoun, déi d'Plaz zweemol hat, war den James C. Fletcher, deen nom Challenger-Ongléck nees bei d'NASA zeréckkoum.

De 24. Mee 2009 huet den US-President Barack Obama d'Nominéierung vum Charles Bolden als neien NASA-Administrateur a vun der Lori Garver als stellvertriedend NASA-Administrateurin bekannt gemaach. De 15. Juli 2009 goufe si vum Senat bestätegt.

Remove ads

Administrateuren

Méi Informatiounen Foto, Numm ...
Remove ads

Stellvertriedend Administrateuren

Méi Informatiounen Foto, Numm ...
Remove ads

Kuckt och

Portal Astronomie

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads