Adolphe Borgnet

Belsche Jurist, Historiker an Universitéitsprofesser. From Wikipedia, the free encyclopedia

Adolphe Borgnet
Remove ads

Den Adolphe Borgnet, gebuer den 28. Mäerz 1804 zu Namouer, a gestuerwen de 15. Februar 1875 zu Léck, war e belsche Jurist, Historiker an Universitéitsprofesser.

op ee Bléck Pseudonym, Gebuer ...
Remove ads

Formatioun a Karriär

No sengem Secondairestudium am Athénée royal de Namur huet den Adolphe Borgnet op der deemoleger Staatsuniversitéit vu Léiwen Droit studéiert. 1826 huet en, no véier Joer, säin Ofschloss ("Doktorat") gemaach, an tëscht 1830 an 1837, deemno am Ufank vun der belscher Onofhängegkeet, war e Juge d'instruction um Tribunal de première instance vun Namouer.

Duerno gouf e Professeur ordinaire fir d'Geschicht vum Mëttelalter a fir d'Geschicht vun der Belsch op der Universitéit vu Léck. Deemools gouf et nach keng reng Geschichtsformatioun, an d'Historiker koume meeschtens vun de Fächer Droit an/oder Philosophie. Tëscht 1848 an 1853 war den Adolphe Borgnet Rekter vun der Universitéit Léck.

Mat der Zäit gouf den Adolphe Borgnet effektive Member vun der Académie royale des Sciences, Lettres et Beaux-Arts de Belgique (1846) a Member vun der Commission royale d'histoire (1850).

Den Adolphe Borgnet hat 1829 seng Cousine Élise Bourdon bestuet. D'Koppel krut dräi Duechteren an ee Jong.

Remove ads

Publikatiounen (Auswiel)

  • Histoire des Belges à la fin du XVIIIe siècle.
  • Louis XIV et la Belgique.
  • (ënner dem Pseudonym Jérôme Pimpurniaux) Légendes namuroises.

Um Spaweck

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads