Adolphe Sax
From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Den Adolphe Sax (eigentlech Antoine Joseph Sax), gebuer de 6. November 1814 zu Dinant, a gestuerwen de 4. Februar 1894 zu Paräis, war e belschen Instrumentebauer.
De Jong vum Instrumentebauer Charles-Joseph Sax ass 1842 op Paräis geplënnert. Hien huet un der Verbesserung vun der Klarinett a vun der Bassklarinett geschafft. Mat der Ënnerstëtzung vum Hector Berlioz huet den Adolphe Sax de Saxophon, genee wéi d'Saxhar an d'Saxtuba erfonnt.
Vun 1857 u war hie Professer fir Saxophon um Paräisser Conservatoire.
Remove ads
Gielercher
Chevalier vum Ordre de la couronne de chêne
Chevalier vun der Légion d'honneur
Fir ze liesen
- Adolphe Sax, Malou Haine, Éditions Université Bruxelles, Bruxelles, 1980
- Sax, Mule & Co, Jean-Pierre Thiollet, H & D, Paris, 2004. ISBN 2 914 266 03 0
Um Spaweck
| Commons: Adolphe Sax – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads
