Adrian Hasler
From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Den Adrian Hasler, gebuer den 11. Februar 1964, ass e liechtensteinesche Politiker vun der Fortschrittliche Bürgerpartei in Liechtenstein (FBP). Hie war vum 27. Mäerz 2013 bis de 25. Mäerz 2021 Regierungschef, sou wéi och Minister fir Presidiales a Finanzen a Liechtenstein.
Hien huet vun 1984 bis 1991 Ekonomie a Gestioun op der Hochschule St. Gallen studéiert a mat enger Licence (lic.oec.HSG) ofgeschloss. Duerno huet hie vun 1992 bis 1996 am Controlling bei der Balzers AG a vun 1996 bis 2004, deels als Directeur adjoint, bei der Verwaltungs- und Privat-Bank zu Vaduz geschafft.
2001 gouf hie fir d'FBP an de Landtag, d'Liechtensteinescht Parlament, gewielt. 2004 huet hie säi Sëtz opginn, fir neie Chef vun der Police ze ginn.[1]
Bei der Landtagswal vun 2013 war den Hasler Spëtzekandidat vun der FBP a gouf Regierungschef vun enger Koalitiounsregierung vu senger Partei an der Vaterländische Union (VU).
Hien ass bestuet an huet zwee Kanner.
Remove ads
Um Spaweck
![]() |
Commons: Adrian Hasler – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Interview mam Adrian Hasler (PDF; 357 kB), 25. August 2012, Liechtensteiner Volksblatt
- Um Internetsite vun der liechtensteinescher Regierung
Referenzen
- Adrian Hasler zum neuen Polizeichef bestellt, 13. November 2003
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads