Agnès Donckel
lëtzebuergesch Politikerin a Fraerechtlerin From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
D'Agnès Donckel, gebuer de 25. Oktober 1878 zu Mäertert[1], a gestuerwen de 25. Mäerz 1960 zu Gréiwemaacher[2], war eng lëtzebuergesch Philologin, Politikerin a Fraerechtlerin.
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Si huet sech an der Action féminine fir d'Fraerechter agesat. Hiren Numm figuréiert am Comité d'honneur vum Veräin[3].
Bei de Kommunalwale vum 14 Oktober 1928 ass d'Agnès Donckel an de Mäerterter Gemengerot gewielt ginn[4], wou si bis 1935 Schäffin war[2].
Zu Mäertert ass eng Strooss no hir benannt: rue Agnès Donckel (L-6678).[5]
Remove ads
Referenzen
- Gebuertsakt Nr. 47 vum 27. Oktober 1878 vun der Gemeng Mäertert
- Conseil National des Femmes du Luxembourg. Les rues au féminin. Édition 2015 Archivéiert den 01.02.2020. Gekuckt den 20.02.2020.
- Editioun vum 15. Oktober 1927 vum l'action féminine, gescannt op der Websäit vun der Nationalbibliothéik Archivéiert de 24.07.2017. Gekuckt den 20.02.2020.
- Editioun vum 15. November 1928 vum l'action féminine, gescannt op der Websäit vun der Nationalbibliothéik Archivéiert de 24.07.2017. Gekuckt den 20.02.2020.
- Mertert : Rue Agnès Donckel. map.geoportail.lu. Gekuckt den 08.03.2025.
Remove ads
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads