Alan M. Turing
From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Den Alan Mathison Turing, gebuer den 23. Juni 1912 zu London, a gestuerwen de 7. Juni 1954, war e brittesche Mathematiker, Kryptoanalytiker an ee vun den "Urpappe" vum Computer.

Den Turing gëllt haut als ee vun deenen aflossräichsten Theoreetiker vun der fréier Computerentwécklung an der Informatik. Déi vun him entwéckelt Turingmaschinn ass d'Grondlag vun der theoreetescher Informatik. Am Zweete Weltkrich huet hien d'Aarbechten dirigéiert déi zu der Entschlësselung vun den däitsche Funkspréch gefouert hunn, déi mat der Enigma-Maschinn verschlësselt goufen. De gréissten Deel vu senge wëssenschaftlechen Aarbechte sinn haut nach net verëffentlecht.
No him ass den Turing-Präis benannt, déi wichtegst Auszeechnung an der Informatik.
Remove ads
Kuckt och
Um Spaweck
![]() |
Commons: Alan Turing – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads