Alexander Reuss
däitsche kathoulesche Geeschtlechen From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
De Peter Alexander Reuss (Reuß), gebuer de 14. November 1844 zu Koblenz a gestuerwen den 21. Januar 1912 zu Tréier war en däitsche kathoulesche Geeschtlechen.[1]
Den Alexander Reuss ass 1867 zu Roum zum Priister geweit ginn. 1870 krut hien eng Nominatioun als Professer fir Kierchegeschicht a Kiercherecht am Seminär vun Tréier. 1892 ass hie Generalvikar vum Bistum Tréier ginn.[1]
A senger Funktioun als Generalvikar hat de Reuss och reegelméissege Kontakt mat Lëtzebuerg. Esou war hien den 1. September 1910 derbäi, wéi de Stater Dechen an Doumpropst Bernard Haal de 50. Joresdag vu senger Primiz gefeiert huet[2] an och de 7. Mäerz 1900 beim Begriefnes vum lëtzebuergesche Generalvikar Bernard Krier.[3] Nom Doud vum Reuss huet d'Luxemburger Wort e längeren Noruff publizéiert.[4]
Remove ads
Publikatiounen
- Der hl. Rock in Trier: eine Beleuchtung der unter gleichem Titel erschienenen Schrift des Domkapitulars Hrn. v. Wilmowsky. St. Paulinus-Druckerei, Trier 1876, 58 S. (unter dem Pseudonym: A. Rhenanus publiziert).
- Geschichte des Bischöflichen Priesterseminars (Seminarium Clementinum) zu Trier. [Festschrift des Bischöflichen Priesterseminars zum fünfundzwanzigjährige Jubiläum der Priesterweihe des hochwürdigsten Herrn Bischofs Dr. Michael Felix Korum am 23. Dezember 1890]. Paulinus-Verlag, Trier 1890, VIII, 207 S.
Remove ads
Literatur
- Persch, M., 2000. Reuss, Alexander. In: H. Monz (Hrsg.), Trierer Biographisches Lexikon. WVT Wissenschaftlicher Verlag Trier, S. 366-367.
Referenzen
- Persch 2000.
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads