Alexis Bouvard
franséischen Astronom From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Den Alexis Bouvard, gebuer de 27. Juni 1767 zu Contamines, a gestuerwen de 7. Juni 1843 zu Paräis, war e franséischen Astronom.
Remove ads
Liewen a Wierken
De Bouvard war Direkter vum Paräisser Observatoire an huet 8 Koméiten entdeckt. Hien huet ausserdeem d'Positioune vun de Planéite Jupiter, Saturn an Uranus berechent. Tabelle vun der Uranusbunn hunn zu Diskrepanze mat sengen Observatioune gefouert. Doraus huet hien d'Existenz vun engem weidere Planéit geschloss, deen da mat dem Neptun fonnt gouf, a spéider dann och nach den Zwergplanéit Pluto.
Hien hat de Jean-Félix Adolphe Gambart dozou bruecht, fir Astronomie ze studéieren.
Remove ads
Éierungen
- Member vun der Académie des sciences (1803)
- Member vun der Royal Society (1826)
- An Australien gouf de Cape Bouvard no him genannt
- Den Mounddall Vallis Bouvard gouf 1970 no him genannt.
Kuckt och
Um Spaweck
| Commons: Alexis Bouvard – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads
