Alfred Biolek

däitsche Professer a Fernseemoderateur From Wikipedia, the free encyclopedia

Alfred Biolek
Remove ads

Den Alfred Franz Maria Biolek (dacks just Bio genannt), gebuer den 10. Juli 1934 zu Fryštát, deemools an der Tschechoslowakei, a gestuerwen den 23. Juli 2021 zu Köln, war en däitsche Jurist, Televisiounsmoderator a -produzent, Talkmaster, Entertainer a Kachbuchauteur.

op ee Bléck Gebuer, Gestuerwen ...

1971/72 huet hie mat de brittesche Komiker Monty Python eng däitschsproocheg Versioun vun hirem Monty Python's Flying Circus opgeholl. Vun 1974 un huet hien d'Samsdesowessendung Am laufenden Band mam Rudi Carrell produzéiert.

Hie war ee vun den éischten, deen op der däitscher Tëlee Talkshowe gemaach huet, a gouf vum Enn vun den 1970er-Joren u mat Emissioune wéi Bio's Bahnhof, Boulevard Bio a mat der Kachemissioun alfredissimo! bekannt.

Remove ads

Literatur (Auswiel)

  • Norbert Thomas: Alfred Biolek und sein Bahnhof. C. Bertelsmann Verlag, München 1982, ISBN 3-570-01863-6.
  • Lukas Bernhardt: Alfred Biolek. Szenenwechsel: Vom Fernsehmacher zum Fernsehstar. Eine Biographie. Dirk Lehrach Verlag, Düsseldorf 2000, ISBN 3-9806151-4-6.

Um Spaweck

 Commons: Alfred Biolek – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

    Loading related searches...

    Wikiwand - on

    Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

    Remove ads