Algriichesch Grammaire

Grammaire vun der algriichescher Sprooch From Wikipedia, the free encyclopedia

Remove ads

An der Algriichescher Sprooch ginn d'Wierder, wéi am Laténgeschen, staark flektéiert a konjugéiert. Se huet och ganz vill Elementer aus den Indogermanesche wéi zum Beispill den Aorist, den Augment, d'Zweezuel oder d'Reduplikatioun am Perfekt. D'Deklinatioun, déi bal d'selwecht ass wéi am laténgeschen, besteet aus fënnef Fäll. Dogéint ass den algriichesche Verbesystem ganz anescht opgebaut. Et gëtt keng Zäiten, mä Aspekter, wéi a ville slawesche Sproochen. Ausserdeem gëtt et nieft dem Aktiv a Passiv nach e Medium. Am Algriichesche gëtt et och vill Onreegelméissegkeeten, wat ënner anerem doru läit, datt et vill verschidden Dialekter gouf. An dësem Artikel gëtt nëmme Grammaire vum Atteschen Dialekt behandelt, well dee sech an der Literatur am beschten duerchgesat huet.

Dëse Sproochen- a Linguistikartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Remove ads

Diakritesch Zeechen

Am Algriichesche gëtt et e puer diakritesch Zeechen. Dat sinn d'Accenten, d'Spiritus an de Jota subscriptum. Si suergen dofir, d'Fäll an d'Zäite vuneneen z'ënnerscheeden an datt et keng Zweedeitegkeete gëtt. Heiansdo ginn am Algriicheschen zwee verschidde Wierder d'selwecht geschriwwen, mä se hunn aner Accenten a Spiritus.

Beispill: εἴμι (ech wäert goen), awer εἰμί (ech sinn)

D'Accente sinn dofir do, d'Wieder richteg ze betounen. Et gëtt dräi verschidden Accenten:

  • Accent aigu oder Akut (΄): Eng Silb mam Accent aigu gëtt betount. Hie kann nëmmen op den dräi leschte Silbe stoen.
  • Accent grave oder Gravis: (̀) Den Accent grave ersetzt den Accent aigu op der leschter Silb vun engem Wuert, wann dräi Konditiounen erfëllt sinn:
    • 1. D'Wuert hält mat engem Vokal op.
    • 2. D'Wuert steet net um Enn vum Saz, mä an der Mëtt oder um Ufank.
    • 3. D'Wuert däerf net virun engem Enklitikon stoen.
  • Accent cironflexe oder Zirkumflex (͂): Den Accent circonflex steet op Vokaler déi laang ausgeschwat ginn. Hie steet dowéinst nie iwwer dem ο a ε an e kënnt nëmmen op déi zwou lescht Silbe stoen. Bei Wierder, déi mat laange Vokaler ophalen ersetzt en heiansdo den Accent grave.
Remove ads

Artikel

Am Algriichesche gëtt et, anescht wéi am Latäin, en Artikel. E gëtt deklinéiert wéi e Nomen an huet dräi Geschlechter.

  • männlech:
  • weiblech:
  • sächlech: τό
Méi Informatiounen Fall, Eenzuel ...

Nomen

Am Algriichesche gëtt et wéi am Lëtzebuergesche männlech, weiblech a sächlech Wierder. Un der Endung erkennt ee meeschtens zu wat fir engem Geschlecht se gehéieren. Si ginn no drai dräi verschiddenen Deklinatioune flektéiert, souwuel an der Eenzuel, wéi och an der Méizuel. Iwwregens gëtt et och eng Zweezuel, mä déi gëtt hei net direkt behandelt, well se net dacks benotzt gouf.

a-Deklinatioun

Déi Deklinatioun betrëfft all d'Wierder, déi op , , -ας an -ης ophalen. De Stamm vun dëse Wierder hält entweeder op -ᾱ (langen α) oder -ᾰ (kuerzen α) op. Am Atteschen an am Ioneschen huet den an en η verwandelt (ion.: ἡ χώρη). Duerno awer huet sech am Atteschen den η no de Buschtawen ε,ι an ρ erëm zeréck an een oder (α-purum) verwandelt (att.: ἡ χώρα). Bei deenen anere Wierder, déi e Stamm op -ᾰ (α-impurum) hunn, ännert sech den nëmmen am Geenitiv an am Dativ Singulier an en η ëm. Déi männlech Wierder vun der a-Deklinatioun enden am Nominativ op -ας an -ης an hunn am Genetiv Singulier d'Endung -ου, wéi bei der o-Deklination. De Pluriel ass an der a-Deklinatioun iwwerall d'selwecht. Wichteg ass, datt den Nominativ Pluriel -αι e kuerzen Diphthong an de Geenitiv Pluriel -ῶν ëmmer ennbetount ass. Ausserdeem verwandelt sech all Accent aigu (Akut), deen op engem betounte laange Vokal steet an en Accent circonflexe (Zirkumflex).

ἡ μάχη (Kampf); ἡ ψυχή (Séil)

Méi Informatiounen Fall, Enzuel ...

ἡ ἰδέα (Gestalt), ἡ χώρα (Raum); ἡ φιλοσοφία (Philosophie)

Méi Informatiounen Fall, Enzuel ...

ἡ θάλαττα (Mier)

Méi Informatiounen Fall, Enzuel ...

o-Deklinatioun

Déi Deklinatioun betrëfft all d'Wierder, déi op -ος an -ον ophalen. Déi Wierder si virun allem männlech a sächlech. Et gëtt awer och e puer weiblech Wierder. Se ginn all nom selwechte Muster deklinéiert. Am Nominativ Méizuel ass den Diphthong -οι kuerz a wéi bei der a-Deklination verwandelt sech all Accent aigu (Akut), deen op engem betounte laange Vokal steet an en Accent circonflexe (Zirkumflex).

λόγος (Wuert, Sënn, Verstand)

Méi Informatiounen Fall, Enzuel ...
Remove ads

Verben

Verba Vocalia

  • Paradigma παιδεύω (ech erzéien)
Méi Informatiounen AKTIV, Indikativ ...
Remove ads
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads