Ali Ruckert

lëtzebuergesche Politiker a Journalist From Wikipedia, the free encyclopedia

Ali Ruckert
Remove ads

Den Ali Ruckert, gebuer den 13. September 1954 zu Déifferdeng,[1] ass e lëtzebuergesche Politiker a Journalist. Hie gouf 1995 Chefredakter vun der Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek an 1999 President vun der Kommunistescher Partei Lëtzebuerg (KPL).

op ee Bléck Gebuer, Nationalitéit ...

Den Ali Ruckert huet säi Secondaire am Lycée Hubert Clément zu Esch-Uelzecht gemaach. Seng berufflech Karriär huet hien als Journalist an der Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek, der Zeitung vun der KPL, ugefaangen. Vun 1978 bis 1980 war hien dräi Joer Korrespondent vun der Zeitung zu Moskau an huet gläichzäiteg Ekonomie- a Philosophiecoursen op der Internationaler Lenin-Schoul beluecht.[2]

Ier den Ali Ruckert President vun der KPL gouf, war hie Member vum Zentralkommitee a vum Exekutivkommitee vun der Partei.

Hie war vun 2011 bis 2023 Member vum Gemengerot vun Déifferdeng.

Den Ali Ruckert ass bestuet a Papp vun enger Duechter.

Remove ads

Wierker

  • Geschichte der Kommunistischen Partei Luxemburgs, Teil I: 1921-1946, 176 Säiten, Lëtzebuerg, KPL, 2006
  • Geschichte der Kommunistischen Partei Luxemburgs, Teil II: 1947-1954, 176 Säiten, Lëtzebuerg, KPL, 2007
  • Geschichte der Kommunistischen Partei Luxemburgs, Teil III: 1955-1960, 176 Säiten, Lëtzebuerg, KPL, 2010

Gielercher

Um Spaweck

 Commons: Ali Ruckert – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. Mémorial C — N°1832 vum 30. September 2006, S. 87895
  2. Laboulle, Luc: "Zum letzten Gefecht." in: d'Lëtzebuerger Land 70. Jg. Nr.26, 30.06.2023, S.6.


Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads