Allotropie
From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Allotropie ass d'Eegeschaft vu verschiddene cheemeschen Elementer fir am selwechten Aggregatzoustand an zwou oder méi Strukturformen (Allotropen) z'existéieren, déi sech physikalesch a wat hir cheemesch Reaktivitéit ubelaangt ënnerscheeden. Bei ënnerschiddlechen Isotoper schwätzt een net vun enger Allotropie.
![]() |
Dëse Chimiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Remove ads
Beispiller
- Kuelestoff kënnt net nëmmen als faarflosen, extreem haarden Diamant vir, dee keen elektresche Stroum leet, mä ënner anerem och als schwaarzen, mëlle Graphit, deen de Stroum leet.
- De Sauerstoff an der Otemloft (O2 „Disauerstoff“) huet kee Geroch an ass liewesnoutwenneg, wougéint den Ozon (O3) stiechend richt a schonn a klenge Quantitéiten (>100 ppb) gesondheetsschiedlech ass.
Um Spaweck
![]() |
Commons: Allotropie – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads