American Standard Code for Information Interchange
Informatik-Norm fir Schrëftzeechen From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Remove ads
ASCII (American Standard Code for Information Interchange) ass eng Norm, déi an der Informatik gebraucht gëtt, fir Schrëftzeechen ze codéieren. Et ass déi Norm, déi an der Informatik am beschte bekannt ass.
![]() |
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |

Si stellt d'amerikanesch Variant vun der Norm ISO/CEI 646 duer. ASCII begräift d'Schrëftzeechen, déi néideg sinn, fir op Englesch ze schreiwen. Déi Norm gouf vum Amerikaner Bob Bemer am Joer 1961 ausgeschafft. Si ass d'Grondlag vu villen aneren Normen: (Unicode, ISO 8859-1, Windows-1252), déi d'Norm nach vergréisseren.
Remove ads
Prinzipien
ASCII definéiert an der Informatik 128 Schrëftzeechen, déi vun 0 bis 127 ginn an nom binäre System vun 0000000 bis 1111111 codéiert sinn. Siwe bit ginn also theoreetesch duer, fir e Schrëftzeechen an der ASCII-Norm duerzestellen. Well awer d'Computere gewéinlech op aacht bit ausgeriicht sinn, gëtt en ASCII-Zeechen an engem octet (8 bit) stockéiert, an den 8. bit op 0 gesat.
Erweiderungen
Vill Norme si vun der ASCII-Tabell ausgaangen, fir zousätzlech Zeechen ze codéieren an hir Zuel vun 127 op 255 ze vergréisseren, z. B.:
- Norm ISO/CEI 8859 (gëtt am Internet a vun Unix gebraucht)
- Norm ISO 8859-1, och Latin-1 genannt, déi och d'Schreiwe vun Zeeche mat Akzenter, wéi am Franséische méiglech maachen
- Norm Windows-1252, gëtt vu Microsoft Windows gebraucht
- Code-page 850 (gebraucht vun DOS)
- Unicode-Code (erlaabt d'Schreiwe vun Zéngdausende vu Zeechen)
Remove ads
Tabell vun den 128 ASCII-Zeechen
Remove ads
Kuckt och
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads