Anagramm
From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
En Anagramm, (aus dem Griicheschen anagraphein = "ëmschreiwen") ass eng rhetoresch Figur bei där e Wuert oder e Saz duerch eng Ëmstellung (Permutatioun) vu senge Buschtawen sou verschlësselt gëtt, datt sech doraus en neie Sënn ergëtt.

Beispiller
Am Franséischen
- merci → crime
- patricien → anticiper
- Révolution française → Un véto corse la finira
Am Däitschen
- Altenheim → Teilnahme
Am Lëtzebuergeschen
- Stad Lëtzebuerg → Buergadel sëtzt
Nimm
- Dem däitsche Schrëftsteller säi Pseudonym Carl Amery ass en Anagramm vu sengem Familljennumm Mayer.
- Der franséischer Schrëftstellerin Marguerite de Crayencour hire Pseudonym Marguerite Yourcenar (dësen Anagramm ass bësse forcéiert).
- François Rabelais => Alcofribas Nasier.
- Arouet de Voltaire <= François-Marie Arouet, deem seng Famill vun Airvault hierkoum. Eng méi bekannt Erklärung: Anagramm vun AROVET L. I. (= Arouet l. j., fir Arouet le jeune).
- Paul Verlaine => "pauvre Lélian".
Remove ads
Kuckt och
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads