Anden-Kondor

From Wikipedia, the free encyclopedia

Anden-Kondor
Remove ads

Den Anden-Kondor (Vultur gryphus) ass eng Vullenaart, déi zu den Neiweltgeieren, de Cathartidae gehéiert. Et ass ee vun de gréisste Vullen, déi kënne fléien.

Méi Informatiounen Systematik, Wëssenschaftlechen Numm ...
Thumb
De Kondor um Wope vu Bolivien

Mat enger Kierperlängt vu bis zu 120 cm, kann en Anden-Kondor op e Gewiicht vun enger 12 Kilo kommen. Mam Albatross huet e mat eppes iwwer 3 Meter déi gréisst Flillekspanlängt iwwerhaapt. E ka bis 7.500 Meter héich fléien, a bis iwwer 70 Joer al ginn.

Am Ënnerscheed zum Kalifornien-Kondor, dem Gymnogyps californianus, huet beim Anden-Kondor de Männchen e fleeschege Kamp um Scheet. De Männchen huet blo Aen an d'Weibchen huet rouder.

D'Bréizäit dauert bis 65 Deeg. Allebéid Eltere si fir d'Ee responsabel. De Jonge gëtt zweemol am Dag gefiddert, wann e méi al ass, nëmmen nach eng Kéier. Mat sechs Méint kann den Anden-Kondor fléien.

Op de Wope vu Bolivien, Chile, Ecuador a Kolumbien ass den Anden-Kondor konterfeit, well en an deene Länner zu den Nationalsymboler gehéiert.

Remove ads

Wou en ze fannen ass

Seng Heemecht zitt sech an den héije Biergregiounen tëscht 3.000 a 5.000 Meter d'Kordilliere vu Feierland erop, bis an de westlechen Deel vu Venezuela. En ass ze fanne laanscht d'Küst vu Peru, op den Insele vum Humboldstroum an um Atlantik vu Feierland bis un d'Mëndung vum Rio Negro, a plazeweis an argentinesche Sierraen.

Den Anden-Kondor flitt eleng, als Koppel oder a Gruppen.

Wat e frësst

E frësst nëmmen doudeg Déieren, sief et Ranner oder aner grouss Mamendéieren.

Um Spaweck

 Commons: Andenkondor – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads