André-Marie Ampère

franséische Mathematiker a Physiker From Wikipedia, the free encyclopedia

André-Marie Ampère
Remove ads

Den André-Marie Ampère, gebuer den 22. Januar 1775 zu Poleymieux-au-Mont-d'Or bei Lyon, a gestuerwen den 10. Juni 1836 zu Marseille, war e franséische Mathematiker a Physiker.

Séier Fakten Gebuer, Gestuerwen ...

Den André-Marie Ampère war Professer fir Physik, Astronomie a Philosophie zu Paräis. Hien huet Grondlagen an der Mathematik (Probabilitéit an Differentialrechnen) an an der Chimie (Affinitéit a Volume vun de Gasen) ausgeschafft an huet och Recherchen iwwer elektromagnéitesch Phenomeener gemaach.

Mat sengen Experimenter an Iwwerleeunge sinn dem Ampère revolutionär physikalesch Entdeckunge gelongen.

Hie gouf de Grënner vun der Elektrodynamik, op där hirer Uwendung och haut nach de Fonctionnement vun alle Generatoren an Elektromotore berout.

Zu sengen Éiere gouf d'Eenheet vun der Stäerkt vum elektresche Stroum Ampère benannt.

Dem André-Marie Ampère säin Numm ass ee vun den 72 Nimm um Eiffeltuerm.

Remove ads

Um Spaweck

 Commons: André-Marie Ampère – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads