Angelika Machinek

däitsch Seegelfligerpilotin From Wikipedia, the free encyclopedia

Angelika Machinek
Remove ads

D'Angelika Machinek, gebuer de 17. November 1956, a gestuerwen den 12. Oktober 2006 an der Géigend vun Echzell, war eng däitsch Seegelfligerpilotin.

op ee Bléck Gebuer, Gestuerwen ...

D'Angelika Machinek hat Soziologie a Germanistik studéiert an huet als Dramaturgin a Verlagslektorin geschafft. An der Lescht war se selbstänneg Immobiliemaklerin zu Frankfurt um Main.

Si ass mat 14 Joer fir d'éischt geseegelt an huet 1973 de Piloteschäi gemaach. Si war Instrukter fir Seegelfléien, Motorfléien, ULM a Ballonfueren. Si war och an der däitscher Seegelfluchnationalequipe a gouf fënnefmol däitsch Landesmeeschterin an huet och en ettlech Gielercher bei Welt- an Europameeschterschafte kritt. Och am Ballonfueren huet si e puer Rekorder. Hire Veräi war den Aero Club Bad Nauheim.

Den 12. Oktober 2006 huet si en Ofstuerz mat engem ULM net iwwerlieft.

Remove ads
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads